Haut op engem 3. Juli...

Lauschtert eran!

Haut feiert den däitsche Rapper Kontra K säin 33. Gebuertsdag. Den 12. Mäerz vun dësem Joer hätt de Kontra K sollten hei zu Lëtzebuerg an der Rockhal optrieden. Et war allerdéngs ee vun deenen éischte Concerten déi wéinst dem Coronavirus hu missen ofgesot ginn.

An deene leschte Joren goufen et op engem 3. Juli zwou nawell richteg cool Nummer-1-Singelen an eisem Eldoradio Chartbreaker.
21 Joer sinn et hier, datt dem Lou Bega säi „Mambo No. 5“ fir ganzer 7 Woche ganz uewen an eisen Charts stoung. Et ass a bleift dee gréisste Succès vum däitsche Museker.

5 Joer méi spéit, um 3.07.2004, si Maroon 5 mat hirem éischte groussen Hit “This Love” fir ganzer 4 Wochen zur neier Nummer 1 ginn. D‘Band ëm den Adam Lavine krut fir de Song en MTV Award a gouf fir e Grammy Award nominéiert. “This Love” war op der Grupp hirem Debut-Album “Songs About Jane“ drop.

6 Joer sinn et dann haut hier, datt e gewëssene Stevie Wonder fir e Concert hei zu Lëtzebuerg an der Rockhal war. Am Ganzen 18 Lidder huet de Wonder presentéiert. Nieft engem Paul-McCartney-Cover huet hien awer och seng grouss Hits ewéi “Sir Duke” an “I Just Called to Say I Love You” gespillt.