Haut op engem 4. Juli...

Lauschtert eran!

Haut feiert den amerikanesche Rapper Post Malone säi 25. Gebuertsdag. Direkt mat der Verëffentlechung vu senger Debut-Single “White Iverson” an dem Debut-Album “Stoney” konnt hie säi groussen Duerchbroch feieren. Duerno koum de Rekord-Album “Beerbongs & Bentleys” mat Lidder ewéi “Psycho”, “Rockstar” oder “Better Now”. Och dem Posty säin aktuellen Album “Hollywood’s Bleeding” war virun allem an den USA richteg erfollegräich.

44 Joer sinn et haut hier dat The Clash fir eng éischte Kéier an hirer Karriär Live opgetruede sinn! Si haten zu Sheffield an England als Virgrupp vun de Sexpistols gespillt. Am Joer duerno ass hiren self-titeled Debutalbum erauskomm, deen zu deene gréisste Punk-Alben vun allen Zäiten zielt. 10 Joer nom Release koum d’Trennung, ma d‘Band steet haut an der Rock and Roll Hall of Fame a gehéiert zu deene beschte vun allen Zäiten.

An um 4. Juli 2009 ass den amerikanesche Musek-Manager Allen Klein gestuerwen. An de 60er-Joren war den Allen, deen dofir bekannt war seng Kënschtler auszebeuten, noenee Manager vun de Rolling Stones a vun de Beatles. Seng Aarbecht mat de Stones huet domat geendegt, datt d’Band de Copyright vun hire wichtegsten Alben, déi si an de 60er opgeholl haten, verléiere sollten. Duerno sollt hie bei de Beatles ee vun den Haaptgrënn vun der Trennung ginn. D’Engagement vum Allen Klein hat nämlech zum Sträit tëscht dem Paul McCartney a senge Band-Kolleegen John Lennon, George Harrison a Ringo Starr gefouert.