Haut op engem 5. Juli...

Lauschtert eran!

Gebuertsdag feiert haut den Adam Young, de Sänger vun Owl City, déi Ufank 2010 mat dem Song “Fireflies” en Iwwerraschungshit hei an Europa verëffentlecht hunn. De Young huet déi éischt zwee Alben vun der Band gréisstendeels komplett eleng produzéiert. Hien huet bal all d ‘Instrumenter selwer agespillt an arrangéiert. Der Band hiren Numm ass iwweregens op dem Young seng Kandheet zréckzeféieren. An engem Interview huet hien erzielt wéi ee Matschüler, deem seng Famill Eilen geziicht huet, eng Eil mat an de Cours bruecht huet. Wéi dësen d’ Déier wollt aus dem Käfeg huelen, ass et allerdéngs komplett ausgeflippt a wëll duerch de Klassesall geflunn. Dëst Bild huet sech beim Sänger agebrannt a gëllt als Inspiratioun vir den Numm vun der Band.

Um 5. Juli am Joer 2003 stoung de Solo-Debut-Album vum Beyoncé op der Nummer 1 vun de brittesche Charts, deen sech och 5 Wochen do hale konnt. Op dësem Album waren ënner anerem den Nr.1-Hit “Crazy in Love”, wéi och “Dangerously in Love”, déi allebéid am Joer 2004 e Grammy gewonnen hunn.

Haut viru genau 10 Joer stoung dann de Slash, de legendäre Gittarist vu Guns N’Roses, an der Box vun der Rockhal op der Bün. Hien zielt zu deene beschte Gittaristen vun allen Zäiten a steet am Ranking vun der Musekszeitung Rolling Stone op der Plaz 65.