Haut op engem 6. Juli...

Lauschtert eran!

Haut hätt de Roger Cicero säi ronne 50. Gebuertsdag gefeiert. Zu deene gréissten Erfolleger vum däitsche Pop- an Jazz-Museker ziele “Murphys Gesetz”, “Zieh Die Shuh aus” an natierlech “Frauen Regien’n die Welt”. De 24. Mäerz 2016 ass den Cicero am Alter vu 45 Joer un de Suite vun engem Hiereschlag gestuerwen.

An de Curtis James Jackson lll, besser bekannt ënnert sengem Kënschtlernumm 50 Cent, feiert haut seng 45 Joer. Am Laf vu senger Karriär huet de Rapper etlech Präisser gewonnen an iwwer 30 Millioune Placke verkaaft.

Haut virun 10 Joer huet d’Katy Perry hei zu Lëtzebuerg gespillt. Den Atelier hat d’Musekerin fir e Concert an d’Rockhal bruecht. Am Kader vu senger „Hello Katy Tour“ huet d‘Musekerin Lidder aus sengem éischten Album „One of the Boys“ presentéiert. Dorobber waren „I Kissed A Girl“ an „Hot n Cold“. Aktuell erwaart d’Katy Perry zesumme mam Orlando Bloom säin éischt Kand. Donieft soll de 14. August säin neien a mëttlerweil 6. Studio-Album erauskommen. En Titel ass bis ewell nach net bekannt, déi éischt Single-Auskopplung heescht “Daisies”.

A 5 Joer sinn et hier, datt d’Tickete fir de Red Hot Chili Peppers Concert, deen den 11.11.2015 an der Rockhal war, erauskomm sinn. De Concert war a net manner wéi 19 Minutte Sold Out. Dat war deemools en neie Rekord hei zu Lëtzebuerg. 315 Tickete ware pro Minutt an de Verkaf gaangen. D’Red Hot Chili Peppers hunn natierlech hir grouss Hits ewéi “Otherside”, “Can’t Stop” oder “Dani California” gespillt, awer och hiren deemools aktuellen Album “The Getaway” presentéiert. Déi iwwer 6000 Fans ware vum Optrëtt begeeschtert.