Haut op engem 7. Juli...

Lauschtert eran!

Um 7. Juli 1984 stoung de Prince mat “When Doves Cry” fir 5 Wochen op der Plaz 1 an den US-Singles-Charts, et war säin alleréischten Nummer-1-Hit an Amerika. Den Titel war um Museker sengem 6. Studio-Album “Purple Rain” drop, mat deem hie säi groussen Duerchbroch feiere konnt. Wat ongewéinlech fir en Dance-Track aus den 80er-Joren ass, ass datt a “When Doves Cry” kee Bass matspillt. De Prince hat deemools decidéiert, datt de Song mat Bass-Line ze konventionell wier, dofir huet hien se einfach ewechgelooss.

35 Joer sinn et dann haut hier, datt de Phil Collins et mat “Sussudio” op d’Eent vun den amerikanesche Singles-Charts gepackt hat. D’Lidd war en Deel vum Collins sengem 3. Longplayer “No Jacket Required”. D’Lyrics vum Song si wärend enger Studio-Session entstanen, ewéi de Phil op enger elektronescher Drum Machine ronderëmgespillt huet. Dobäi ass him spontan den Ausdrock “Su-sussudio” an de Kapp komm an hien huet kuerzerhand decidéiert de Song esou ze nennen. “Sussudio” huet iwweregens eng frappant Änlechkeet mat “1999” vum Prince.

Haut virun 29 Joer ass “Wind of Change” vun de Scorpions zur neier Nummer 1 an Éisträich ginn. Fir ganzer 9 Woche konnte sech déi däitsch Rocker ganz uewen an den Charts halen. Zu deene bekanntsten Hits vun de Scorpions ziele “Rock You Like A Hurricane”, “The Zoo”, “Big City Nights” an eben och d’Balladen “Still Loving You” a “Wind of Change”. Mat iwwer 110 Millioune verkaafte Placken a 50 Joer Büne-Karriär zielen d’Museker vun Hannover zu deenen erfollegräichste Bands aus der Museksgeschicht.