Haut op engem 8. Juli...

Lauschtert eran!

Genee 20 Joer ginn et haut datt d’Bomfunk MC’s mat hirem “Freestyler” fir 1 Woch op der Eent vun eisem Eldoradio Chartbreaker stoungen. D’Bomfunk MC’s dat waren den Ismo Lappalainen alias DJ Gismo an de Raymond Ebanks alias B.O.W. (Brother of Words) – eng Elektro-Hip-Hop-Grupp vun Helsinki. “Freestyler” sollt awer hiren eenzege groussen Erfolleg bleiwen, déi Alben a Singles duerno hate just nach Succès an hirer Heemecht Finnland.

Haut virun 9 Joer huet de Casper säin 2. Studio-Album mam Titel “XOXO” erausbruecht. Mat drop sinn ënnert anerem d’Lidder “Michael X”, “So Perfekt” an “Auf und Davon”. Als Bouf vun engem US-Zaldot an enger däitscher Mamm ass de Casper zu Augusta am amerikanesche Bundesstaat Georgia opgewuess. Well säi Papp awer gewalttäteg war an Drogeproblemer hat, ass hien zesumme mat senge Geschwëster a senger Mamm an Däitschland geplënnert. No senger Première ass de Casper op Bielefeld wunne gaangen, déi Stad déi hie bis haut als seng eenzeg richteg Heemecht bezeechent.

A 4 Joer sinn et hier, datt Blink-182 mat “California” un der Spëtzt vun de britteschen Album-Charts stoungen. Et war dee 7. Longplayer vun der Band a gläichzäiteg deen éischten ouni de Grënnungsmember Tom DeLonge, dee Blink-182 am Joer 2015 wéinst Streidereie verlooss hat. Deel vum Album ware Lidder ewéi “Teenage Satellites”, “San Diego” oder “Bored To Death”. Blink-182 konnten 1999 mat “Enema of the State” de groussen Duerchbroch feieren. Den Album sollt 5 Mol mat Platin ausgezeechent ginn. Mat drop war ënnert anerem “All the Small Things”.