Haut op engem 9. Juli...

Lauschtert eran!

Haut hätt de Bon Scott säi 74. Gebuertsdag gefeiert. De fréieren AC/DC-Sänger ass de 19. Februar 1980 am Alter vun 33 Joer verstuerwen. Hie war no enger haarder Nuecht am Auto ageschlof an u sengem eegenen Erbrachenen erstéckt. De Scott war an der Band vum Brian Johnson ersat ginn.

Wéinst Steierhannerzéiung huet déi fréier Fugees-Musekerin Lauryn Hill haut viru 6 Joer missen an de Prisong. Déi deemools 38 Joer al Sängerin ass 3 Méint am Prisong bliwwen a stoung duerno nach 3 Méint ënner Hausarrest. D’Sängerin hat Steierscholden an enger Héicht vun 1,5 Milliounen Euro.

A 15 Joer sinn et schonn hier, datt Coldplay op der Nummer 1 an eisem Eldoradio Chartbreaker stoungen. Hiren Hit „Speed of Sound“ war um Album  „X&Y“ drop an ass 2 Wochen un der Spëtz bliwwen. Et sollt de brittesche Song vum Joer ginn an et war den éischte Coldplay Hit deen et an den USA an d’Top 10 vun den Charts gepackt huet.