Haut op engem 10. Juli...

Lauschtert eran!

Haut virun 42 Joer hu Chic hiren internationalen Hit “Le Freak” erausbruecht. Chic ass eng afroamerikanesch Band déi 1977 vum Bassist Bernard Edwards an dem Gittarist Nile Rodgers gegrënnt gouf. Si haten e groussen Afloss op d’Pop- an d’Disco-Musek vun de spéide 70er- an de fréien 80er-Joren. D’Lidd “Le Freak” baséiert op enger interessanter Anekdot. Am Dezember 1977 wollten den Edwards an de Rodgers eng Frëndin op enger Party am Studio-54-Club zu New York besichen. D’Bodyguards vun der Backstage-Dier wollte si allerdéngs net eraloossen an hunn déi Zwee mat de Wieder “Fuck Off” erausgeheit. D’Museker hunn hire Frust bei enger spontaner Jam-Session erausgelooss an hunn e Riff op d’Zeil “Fuck Off – Fuck Off Studio 54” improviséiert. Well hinnen de Sound an d’Melodie direkt gefall hunn, hu si den Text an “Ah, freak out – Le freak, c’est chic” ëmgeännert. D’Text-Zeil “Just come on down to 54, find a spot out an the floor” weist nach op d’Ensteeungs-Geschicht hin.

Um 10. Juli 1982 stounge Survivor mat “Eye of the Tiger” fir 6 Wochen op der Plaz 1 an den amerikanesche Singles-Charts. “Eye of the Tiger” sollt de groussen Duerchbroch fir d’Band markéieren, natierlech och well d’Lidd als Titel-Song fir deen 3. Rocky-Film geholl gi war. De Sylvester Stallone wollt u sech “Another One Bites The Dust” als Soudtrack benotzen, hat d’Rechter vu Queen awer net accordéiert kritt.

A genee 10 Joer sinn et hier, datt Yolanda Be Cool mat “We No Speak Americano” op der Eent an eisem Eldoradio Chartbreaker stoungen. Dat fir ganzer 5 Wochen. “We No Speak Americano” war de Summerhit vum Joer 2010.