Haut op engem 11. Juli...

Lauschtert eran!

Mat „Space Oddity“ huet den David Bowie haut virun 51 Joer säin éischte groussen Hit erausbruecht. De Song iwwert den Astronaut Major Tom ass entstanen nodeems de Bowie 1968 dem Stanley Kubrick säi Film “2001: A Space Odyssey” gesinn hat. Am Lidd gëtt d’Geschicht vum Major Tom erzielt, engem fiktiven Astronaut, deen d’Kommunikatioun mat der Äerd ofgebrach huet a ganz eleng duerch d’Weltall dreift. Direkt nom Release 1969 hat “Space Oddity” kee grousse Succès. Eréischt am Kader vun engem Re-Release 6 Joer méi Spéit ass d’Lidd zu engem weltwäiten Hit ginn, deen et ënnert anerem a Groussbritannien ganz uewen an d’Charts gepackt hat.

27 Joer sinn et dann hier, datt Culture Beat mat der Single “Mr. Vain” op der Plaz 1 an Éisträich stoungen. D’Lyrics handele vun engem Mann, deen dovun iwwerzeegt ass, datt alleguer d’Fraen op där ganzer Welt hie sexy an attraktiv fannen. Culture Beat waren eng däitsch Eurodance-Band, déi besonnesch an de Joren 1993 bis 1998 grouss Chart-Erfolleger feiere konnten. Nieft “Mr. Vain” zielen och nach “Go To Get It”, “Anything” oder “World In Your Hands” zu hire bekanntste Lidder.

An um 11. July 1999 hat de Ricky Martin et mat “Livin’ La Vida Loca” fir ganzer 5 Wochen un d’Spëtzt vun den amerikanesche Singles-Charts gepackt. No bal 10 Joer op Spuenesch war “Livin’ La Vida Loca” ee vum Martin sengen éischte Releases op Englesch. De puerto-ricanesche Museker ass mat iwwer 70 Millioune verkaafte Placken ee vun deenen erfollegräichste Latin-Kënschtler iwwerhaapt.