Haut op engem 12. Juli...

Lauschtert eran!

23 Joer sinn et hier, datt e One-Hit-Wonder op der Plaz 1 vun eisem Eldoradio Chartbreaker stoung: Hanson mat “Mmmbop”. Hanson ass eng amerikanesch Pop-Rock-Band vun Oklahoma, déi 1992 vun deenen dräi Hanson-Bridder Taylor, Zac an Isaac gegrënnt gouf. Fir déi éischte Kéier krute si mat hirem Debut-Album “Boomerang” Opmierksamkeet, deen hate si allerdéngs ouni Label erausbruecht. Nodeems si 97 bei Mercury Records e Placke-Kontrakt ënnerschriwwen haten, hu si d’Single “Mmmbop” released, déi et direkt a 27 Länner op un d’Spëtzt vun den Charts packe sollt.

No grad emol 2 Joer Band-Geschicht an hirem groussen Hit „You Get What You Give“ huet den Alternative-Rock-Duo New Radicals sech haut virun 21 Joer schonn erëm offiziell getrennt. Déi zwee eenzeg fest Membere vun den New Radicals waren de Gregg Alexander, de Kapp vun der Band deen all hir Lidder geschriwwen a produzéiert huet, an d’Danielle Brisebois, Keyboarderin a Perkussionistin. 2 Joer no hirer Grënnung hat de Gregg es schonn erëm genuch mam Tournée-Stress an den Interviews an huet d’Band 1999 opgeléist. Hie wollt sech op de Songwriting fir aner Kënschtler konzentréieren.

An de Mann mat der Panda-Mask, den däitsche Rapper Cro, hat et haut viru 7 Joer mat sengem Titel „Whatever“ un d’Spëtzt vun den däitsche Singles-Charts gepackt. De Song war um Cro sengem éischten Album „Roap“ mat drop. Den Titel ass eng Uspillung op déi musikalesch Stilrichtung déi de Cro entwéckelt huet: Eng Mëschung aus Rap a Pop.