Haut op engem 13. Juli...

Lauschtert eran!

Haut viru 35 Joer stoungen Duran Duran mat “A View To A Kill” fir 2 Wochen op der Plaz 1 vun den US-Singles-Charts. Et war deen alleréischten James-Bond-Titel-Song deen et an Amerika ganz fir an d’Charts gepackt hat. “Im Angesicht des Todes” ass am Ganzen dee 14. James-Bond-Film a gläichzäiteg dee leschte mam legendäre Roger Moore. Ausserdeem mat an den Haaptrollen haten de Christopher Walken, d’Tanya Roberts an d’Grace Jones gespillt.

Virun 9 Joer ass dann e richtege Pop-Star hei zu Lëtzebuerg opgetrueden: De Prince war fir e Concert live an der Rockhal. Dat am Kader vu senger “Welcome 2 America: Euro 2011 Tour”. Am Ganzen huet hien deen Owend 22 Lidder gespillt. Dorënner waren e puer Cover-Versiounen, natierlech hunn awer och seng grouss Hits ewéi “1999” oder “Purple Rain” net op der Set-Lëscht dierfe feelen. An och wann de Prince “Kiss” a “Sexy M.F.” net gespillt hat, war de Public vum Concert absolutt begeeschtert. Et war dem Museker säin éischten Optrëtt hei zu Lëtzebuerg, bei deem hien zum Schluss ganzer 4 Zugaben zum Beschte ginn huet. De Concert war trotz Ticket-Präisser vun 99€ komplett ausverkaaft. Den 21. Abrëll 2016 ass de Prince am Alter vu 57 Joer gestuerwen.

An de Summer-Hit vun deem Joer hat et um 13. Juli 2013 fir impressionant 9 Wochen un d’Spëtzt vun eisem Eldoradio Chartbreaker gepackt: Den Avicii an den Aloe Blacc mat “Wake Me Up”. De Song war um Avicii sengem Debut-Album “True” drop. “Wake Me Up” ass déi éischt Single iwwerhaapt, déi an Däitschland mat enger Diamant-Plack fir iwwer 1 Millioun Sales ausgezeechent gouf.