Haut op engem 14. Juli...

Lauschtert eran!

Haut fänke mer un mat engem Gebuertsdag. De Milow ass de 14. Juli 1981 zu Antwerpen an der Belsch op d’Welt komm, kritt also haut 39 Joer. Am Oktober 2008 konnt hie säi groussen Duerchbroch mat der Cover-Versioun vum 50 Cent sengem „Ayo Technology“ feieren. Seng lescht Deeg mat 38 Joer huet de Milow iwweregens genotzt fir e puer vu senge Klassiker als Acoustic-Versioun opzehuelen. Et lount sech eng Kéier um Sänger säin Instagram-Account luussen ze goen.

38 Joer sinn et dann haut hier, datt de Pink-Floyd-Film „The Wall“ am The Empire um Londoner Leicester Square seng Première gefeiert huet. De Film erzielt d’Geschicht vum Rock-Museker Pink, gespillt vum Bob Geldof, dee sech a Gedanke mat senger miserabeler Liewens-Situatioun auserneesetzt. Thematiséiert gëtt virun allem dem Pink seng Bezéiung mat sengem Papp, deen am Zweete Weltkrich ëm d’Liewe komm ass. Donieft dreet säi Bestietnis ze zerbriechen, well seng Fra him friemgeet. De Pink ass drogenofhängeg a kritt vu sengem Dokter Berouegungspëlle verschriwwen, fir datt hien d’Optrëtter mat senger Rock-Band iwwerhaapt duerchstoe kann. De Film weist Parallellen zum Liewe vum Syd Barrett an dem Roger Waters, zwee vun de Grënnungsmembere vu Pink Floyd. „The Wall“ ass mat Musek vum legendäre Konzept-Album mam selwechten Numm ënnermoolt.

An um 14. Juli 2012 hate Milky Chance hiren Debut-Song „Stolen Dance“ op YouTube eropgelueden. Et sollt den Ufank vun enger grousser Karriär fir déi zwee Kassler Schoulkolleegen Clemens Rehbein a Philipp Dausch ginn.

Op deem selwechten Dag hate Kraftklub et mat „Kein Liebeslied“ op d’Eent vun eisem Eldoradio Chartbreaker gepackt a Blink-182 stoungen hei zu Lëtzebuerg an der Rockhal op der Bün.