Haut op engem 15. Juli...

Lauschtert eran!

Genee 20 Joer ginn et haut, datt e franséische Mega-Hit et och ganz uewen an eisen Eldoradio Chartbreaker gepackt hat. „Ces soirées-là“ vum Rapper a Sänger Yannick. Am Ganze fir 3 Woche konnt de Song sech op der Eent halen. „Ces soirées-là“ ass déi zweet Single-Auskopplung vum Yannick sengem Debut-Album „C’est ça qu’on aime“. D’Lidd baséiert um Titel „Cette année-là“ vum legendäre franséische Chansonnier Claude François. De Yannick huet der Musek iwweregens de Réck gedréint an ass zanter e puer Joer am Banken- a Finanz-Wiesen täteg.

De 15. Juli 2015 war den talentéierte brittesche Museker Tom Odell fir e Concert hei zu Lëtzebuerg an der Abtei Neimënster. Net nëmme mat senger Musek, mee och mat sengem Charme konnt hien de Public begeeschteren. 2 Joer virdrun hat hie mat sengem Debut-Album „Long Way Down“ säin éischte groussen Erfolleg gefeiert, virun allem natierlech duerch de Song „Another Love“. Den Tom Odell gouf iwweregens vum Lily Allen entdeckt, ewéi hie mat senger Band a verschiddene Locations zu London gespillt huet. D’Sängerin huet den Odell dunn op sengem eegene Label „In The Name Of“ ënner Vertrag geholl.

An haut viru 4 Joer hate Biffy Clyro et mat hirem 7. Studio-Album „Ellipsis“ un d’Spëtzt vun den däitschen Charts gepackt. Mat drop ware Lidder ewéi „Wolves of Winter“, „Animal Style“ oder „Re-Arrange“. No de Singelen „Instant History“ an „Tiny Indoor Fireworks“ soll déi schottesch Band de 14. August dann och endlech hiren 9. Longplayer op de Marché bréngen. Ob hire Concert hei zu Lëtzebuerg am Atelier den 22. Oktober dëst Joer wierklech stattfanne wäert, bleift ofzewaarden.