Haut op engem 16. Juli...

Lauschtert eran!

Haut viru genee 20 Joer stounge Matchbox 20 mat der Single „Bent“ op der Plaz 1 vun den amerikaneschen Charts. Nieft Lidder ewéi „Last Beautiful Girl“ oder „If You’re Gone“ war „Bent“ op der Band hirem 2. Studio-Album „Mad Season“ drop. Am Musek-Video vum Song „Bent“ maachen déi aner Band-Memberen sech iwwert hire Front-Mann Rob Thomas lëschteg. Deen hat duerch de risegen Erfolleg mam Santana an dem Titel „Smooth“ 1999 grouss Popularitéit erreecht, dat awer eben eleng, ganz ouni seng Band-Kolleegen, wat hien am Video ze spiere krut. Natierlech war awer alles gespillt.

Um 16. Juli 2001 hat de Shaggy et mat sengem „Angel“ fir 4 Wochen op d’Eent an den däitsche Singles-Charts gepackt. Nom internationalen Nummer-1-Hit „It Wasn’t Me“, deen dat Joer virdrun erauskomm war, war „Angel“ dem Shaggy säin zweete groussen Erfolleg. An dat obwuel den jamaikanesche Reggae-Museker bal näischt selwer geschriwwen hat. D’Bass-Line vun „Angels“ ass nämlech déi selwecht ewéi déi vum Steve Miller sengem „The Joker“ an d’Melodie ass ganz staark inspiréiert vum Song „Angel of the Morning“ vum Chip Taylor.

8 Joer sinn et dann haut hier, datt d’Official Charts Company aus Groussbritannien eng Ëmfro lancéiert hat, bei där ermëttelt sollt ginn, wéi eng de Britten hir beléiftste brittesch Nummer-1-Single vun allen Zäite wier. Gewonnen hat e Queen-Klassiker aus dem Joer 1975: „Bohemian Rhapsody“. Direkt hannendrun op där 2. Plaz koum dem Michael Jackson säi „Billie Jean“. Och nach an d’Top 5 gepackt haten et ënnert anerem „Someone Like You“ vum Adele an „Hey Jude“ vun de Beatles.