Haut op engem 17. Juli...

Lauschtert eran!

Haut steet den On That Day ganz am Zeeche vum Union Jack.

Um 17. Juli 1982 stoung d’Steve Miller Band mat „Abacadabra“ op der Plaz 1 an de UK-Singles-Charts. Den Titel ass um Album mat deem selwechten Numm ze fannen. D’Karriär vun der Steve Miller Band hat schonn 1966 zu San Francisco a Kalifornien ugefaangen. Nodeems d’Museker ufanks éischter an der Psychadelic-Schinn ënnerwee waren, hu si an de 70er-Joren eng ganz Rëtsch Classic-Rock-Staples op de Marché bruecht. Zum Beispill „Rock Love“, „Number 5“ oder „Fly Like An Eagle“. Am Laf vun hirer Karriär huet d’Band iwwer 30 Alben erausbruecht a ronn 60 Millioune Placke verkaaft. 2016 gouf de Front-Mann, Sänger a Gittarist Steve Miller an d’Rock and Roll Hall of Fame opgeholl.

Genee 10 Joer ginn et dann haut, datt d’Kylie Minogue et mat sengem 11. Longplayer „Aphrodite“ op d’Eent an de britteschen Charts gepackt hat. Mat drop si Lidder ewéi „Get Outta May Way“ oder „All The Lovers“. Um Album, deen deemools generell relativ gutt Kriticke krut, haten am Hannergrond eng ganz Rëtsch bekannt Nimm matgeschafft. Als Produzent hat d’Kylie Minogue deemno de Stuart Price engagéiert, dee scho mat Gréissten ewéi Madonna, The Killers, Missy Elliot oder Keane zesummegeschafft hat. Als Songwriter waren op „Aphrotide“ ënnert anerem den Jake Shears vun de Scissor Sisters an de Calvin Harris vertrueden.

An um 17. Juli virun engem Joer ass bekannt ginn, datt „Chasing Cars“ vu Snow Patrol déi meescht-gespillte Single um brittesche Radio aus dem 21. Joerhonnert wier. D’Ballad, déi 2006 erauskomm war, war zwar ni en Nummer-1-Hit ginn, konnt sech allerdéngs fir ganzer 3 Joer an de UK-Charts halen. De Podium komplettéiert hunn „I Gotta Feeling“ vun de Black Eyed Peas op där zweeter Plaz an „Happy“ vum Pharrell Williams op der Dräi.