Haut op engem 18. Juli...

Lauschtert eran!

Haut virun 10 Joer stoungen de Rapper B.o.B. an d’Paramore-Front-Fra Hayley Williams mat hirem gemeinsamen Track “Airplanes” un der Spëtzt vun de UK-Singles-Charts. De B.o.B war schonn ëmmer e grousse Fan vum Hayley Williams an huet dofir onbedéngt wollten e Lidd mat him ophuelen. Kuriéis: Déi zwee hu sech trotzdeem ni perséinlech gesinn, bis si “Airplanes” bei den MTV Video Music Awards 2010 fir déi éischte Kéier wierklech zesumme gesongen hunn. Do virdrun haten d’Museker sech just hir Parts vum Lidd hin an hier geschéckt an och de Video war getrennt opgeholl ginn.

3 Joer sinn et dann hier, datt de Passenger live hei zu Lëtzebuerg virun där eemoleger Kuliss vun der Abtei Neimënster gespillt huet. De Concert war komplett ausverkaaft. No e puer Lidder mat senger Band, huet déi d’Bün verlooss an de Mike Rosenberg, ewéi de Passenger mat biergerlechem Numm heescht, huet de Public ganz eleng ënnerhalen a seng immens Stëmm presentéiert. Um Enn krut de Passenger am Eldo-Concertscheck 3 vu 5 Stären.

Haut virun engem Joer huet d’Freya Ridings säi self-titeled Debut-Album erausbruecht. Mat drop sinn ënnert anerem d’Singelen “You Mean The World To Me”, “Holy Water”, “Castles” an och “Lost Without You”. Dat ass och deen Track mat deem d’Sängerin bekannt ginn ass, d’Lidd war nämlech an enger Episod vun der Sendung “Love Island” virkomm. An och d’Freya Ridings war scho fir e Concert bei eis zu Lëtzebuerg. Enn Januar vun dësem Joer hat d’Brittin den Optakt vu senger UK-Tour am Atelier gespillt a konnt de Public mat engem kuerzen awer ganz intimen Optrëtt iwwerzeegen.