Haut op engem 19. Juli...

Lauschtert eran!

Haut feiert de Brian May säin 73. Gebuertsdag. De Britt ass als Lead-Gittarist vu Queen bekannt ginn a war zesumme mam Freddie Mercury an dem Drummer Roger Taylor och ee vun de Grënnungsmembere vun der Band. De May gëllt als Virtuos un der Gittar, zu sengen typesche Stilmëttelen hunn ënnert anerem d’Réckkopplung an den Echo-Effekt gezielt. Ganz speziell war och dem Museker seng Gittar. D’“Red Special” oder d’“Old Lady”, ewéi hien se selwer genannt huet, war an de 60er-Joren aus Deeler déi am May sengem Haus ronderëm louchen gebaut ginn. Mat dran waren ënnert anerem Mohagoni-Holz vun engem Kamäin, de Grëff vun engem Broutmesser an Deeler vun engem ale Motorrad. D’Old Lady war u sech nëmmen als Ersaz fir dem Brian May seng Wonsch-Gittar geduecht, am Endeffekt huet hien awer ausschliisslech dat selwer-gebautent Exemplar benotzt.

Um 19. Juli am Joer 1986 hunn Genesis hiren éischten an eenzegen Nummer-1-Hit an den USA gefeiert: „Invisible Touch“. Den Titel war um Album mat deem selwechten Numm ze fannen. Am Song geet et ëm eng Frau déi „das gewisse Etwas“ huet. Vill Fans ware vun där einfacher Struktur vum Text a vun der Musek enttäuscht, trotzdeem sollt „Invisible Touch“ sech fir ganzer 12 Wochen hannerteneen op der Eent halen.

5 Wochen Plaz 1 a senger Heemecht Groussbritannien fir den James Blunt haut virun 13 Joer mat sengem Titel „You’re Beautiful“. Zesumme mat „High“ oder „Wisemen“ war de Song war um Blunt sengem Debut-Album „Back To Bedlam” drop.