Haut op engem 20. Juli...

Lauschtert eran!

En halleft Joer nodeems de Song an de UK-Charts op d’Eent geklomme war, hat “Unbelievable” vun EMF et haut virun 29 Joer och an den USA un d’Spëtzt gepackt. EMF, eng Ofkierzung fir “Epsom Mad Funkers”, waren eng brittesch Band, déi ufanks den 90er innerhalb vu kuerzer Zäit richteg populär goufen. D’Single “Unvelievable” ass e Rock-Titel mat Dance-Elementer an deem Samples vun Äusserunge vum amerikanesche Comedian Andrew Dice Clay benotzt goufen. Et sollt allerdéngs deen eenzege groussen Hit fir EMF bleiwen, an de Joren duerno huet d’Band eng reegelrecht On-Off-Bezéiung gefouert. Ëmmer erëm hu si sech getrennt fir duerno erëm zesummenzefannen.

Haut ass den Chester Bennington 3 Joer dout. Hien hat sech um 20. Juli 2017 a senger Villa an der Géigend vu Los Angeles d’Liewe geholl a sollt nëmmen 41 Joer al ginn. Zesumme mat senger Band Linkin Park hat de Bennington iwwer 130 Millioune Placke verkaaft an 2 Grammys gewonnen. Scho säi Liewe laang hat de Bennington mat Depressiounen, Drogen- an Alkohol-Problemer ze kämpfen. Dobäi koum nach, datt knapp 2 Méint viru sengem Dout säi gudde Kolleeg de Chris Cornell, Front-Mann vu Soundgarden, sech d’Liewe geholl hat. Dat huet den Chester net verkraaft. Den 20. Juli ass iwweregens och dem Cornell säi Gebuertsdag.

A Viru 5 Joer hat de Snoop Dogg en Optrëtt hei zu Lëtzebuerg. Ee fir deen e sech eigentlech schumme misst. Bis no 10 Auer huet de Rapper de Public waarde gelooss, fir da mol net eng Stonn ze spillen.