Haut op engem 21. Juli...

Lauschtert eran!

41 Joer sinn et hier, datt d’Boomtown Rats hire Mega-Hit “I Don’t Like Mondays” erausbruecht hunn. D’Entsteeungs-Geschicht vum Song ass u sech eng ganz makaber. Am Lidd geet et nämlech ëm den Amoklaf vum Brenda Ann Spencer. D’Amerikanerin hat am Alter vu 16 Joer aus senger Kummer-Fënster eraus mat engem Gewier vu sengem Papp op d’Schoul géigeniwwer geschoss. Dobäi hat hatt 2 Persounen ëmbruecht an der 9 verletzt. Bei der Verhaftung hat d’Spencer als Grond fir d’Dot uginn “I don’t like Mondays”. Et gouf dee gréissten Erfolleg vun de Boomtown Rats an och en Nummer 1-Hit an hirer Heemecht Groussbritannien. D’Brenda Ann Spencer gouf zu liewenslaangem Prisong verurteelt.

Haut virun 32 Joer hu Guns N’ Roses hiren Debutalbum “Appetite For Destruction” mat de Songs “Welcome To The Jungle”, “Sweet Child o’ Mine” a “Paradise City” erausbruecht. Den Album huet sech 28 Millioune mol verkaf, dovun eleng 18 Millioune mol an den USA. Domat ass „Appetite For Destruction“ den erfollegräichsten Debut-Album an de States.

An dann hu mir nach 2 cool Nummer-1-Hits aus eisem Eldoradio Chartbreaker. Um 21. Juli 2012 stoung den Asaf Avidan mat “One Day” fir 6 Wochen op der Eent.

A 6 Joer méi spéit soll et mat “In My Mind” de groussen Duerchbroch fir de litaueschen DJ a Produzent Dynoro sinn. Am Ganze fir 6 Woche konnt den Titel sech un der Spëtzt vun eisem Chartbreaker halen.