Haut op engem 22. Juli...

Lauschtert eran!

35 Joer sinn et hier, datt den Éisträicher Falco fir 4. Wochen d’Plaz 1 an den däitsche Single-Charts eruewert huet. Säi Song vun deemools: „Rock Me Amadeus“, e Welt-Hit wéi sech spéider erausstelle sollt. Et ass bis haut iwweregens den eenzegen däitsch-sproochege Song deen et och an den USA bis ganz un d’Spëtzt gepackt huet. Eppes wat dem Museker awer guer net gefall hat, well en op eemol en Drock gespuert huet, deen e guer net wollt hunn. Zesumme mat Lidder ewéi „Jeanny“ a „Vienna Calling“ war „Rock Me Amadeus” um Museker sengem 3. Longplayer “Falco 3” drop.

Gebuertsdag feiert dann haut d’Selena Gomez, déi amerikanesch Kënschtlerin kritt 28 Joer. Dem Gomez seng Karriär huet ganz jonk als Schauspillerin ugefaangen, den Duerchbroch ass him mat der Disney-Channel-Serie “Wizards of Waverly Place” gegléckt. Am Joer 2008 huet hatt mat engem Placke-Kontrakt bei Hollywood Records dann och e Parcours als Musekerin ugefaangen. Ufanks des Jores huet d’Selena scho säin 3. Album “Rare” erausbruecht. An och trotz all deene musikaleschen Erfolleger huet d’Schauspillerei d’Gomez ni lassgelooss. Hatt war nämlech eng vun de Produzentinne vun der Netflix-Serie “13 Reasons Why”.

A haut viru genee 20 Joer hat de Ronan Keating et mat “Life Is A Rollercoaster” op d’Plaz 1 an de UK-Singles-Charts gepackt. De Ronan Keating ass en iresche Sänger, deem seng Karriär 1993 bei der Boy-Group Boyzone ugefaangen hat. 99 gouf hien och Co-Manager vun der Band Westlife. An de Joren duerno huet hien eng relativ erfollegräich Solo-Karriär ugefaangen.