Haut op engem 23. Juli...

Lauschtert eran!

Haut virun 53 Joer hat de Frank Sinatra et mat sengem erfollegräichsten Album “Strangers in the Night” op d’Plaz 1 vun den US-Album-Charts gepackt. Den Album hat sech innerhalb vu ganz kuerzer Zäit iwwer 1 Millioun Mol verkaaft an de Sinatra sollt 2 Grammy Awards fir den Titel-Track gewannen.

An haut ass d’Amy Winehouse 9 Joer dout. Den internationalen Duerchbroch war der Sängerin 2006 mam Album “Back To Black” gelongen. Am Laf vu senger Karriär hat d’Kënschtlerin ronn 35 Millioune Placke verkaaft a 6 Grammys gewonnen. Als optescht Markenzeechen huet déi sougenannten Beehive-Frisur gegollt, déi duerch d’Winehouse e Comeback gefeiert hat. Kuerz no sengen éischte groussen Erfolleger hat d’Amy Winehouse mat Drogen a psychesche Problemer ze kämpfen. Matschold hat och säin deemolege Mann, deen hatt un déi haart Drogen erugefouert hat an dru gehënnert huet eng Entzéiungskuer ze absolvéieren. Nieft den Drogen war och Alkohol e grousse Problem, deen him och schlussendlech zum Verhängis sollt ginn. Als eent vun deene gréissten Talenter déi d’Museks-Welt jee kannt huet geet d’Amy Winehouse an d’Geschicht an.

Um 23. Juli 2018 huet de Lenny Kravitz op senger “Raise Vibration Tour” hei zu Lëtzebuerg an der Rockhal gespillt. Et wor säin 3. Optrëtt am Grand-Duché. Nieft Lidder vu sengem deemools aktuellen Album hat de Lenny Kravitz natierlech och seng grouss Hits ewéi “American Woman”, “Fly Away” oder “It Ain’t Over ‘til It’s Over” gespillt a konnt de Public domat matrappen.