Haut op engem 24. Juli...

Haut viru 27 Joer stounge UB40 mat “Can’t Help Falling In Love” fir 7 Wochen un der Spëtzt vun den amerikanesche Singles-Charts. Et ass en Hit mat enger ganz laanger Geschicht. Am Original ass d’Lidd vum Elvis Presley aus dem Joer 1961. An de Joren duerno hate sech ënnert anerem och de Corey Hart an den amerikanesche Pop-Duo “Hall & Oates” dru versicht. UB40 haten hir Versioun eigentlech als Soundtrack fir de Film “Honeymoon in Vegas” geschriwwen, allerdéngs hunn déi Responsabel sech duerno fir dem Bono säin  “Can’t Help Falling In Love” entscheet. De groussen Chart-Erfolleg haten awer trotzdem UB40.

11 Joer sinn et dann haut hier, datt de Museker-Trio Gossip mat “Heavy Cross” fir 2 Wochen op der Plaz 1 an eisem Eldoradio Chartbreaker stoung. Den Titel war op der Band hirem 4. Studio-Album “Music for Men” ze fannen. D’Formatioun ronderëm d’Front-Fra Beth Ditto huet sech 2016 getrennt. Am Mäerz 2019 hat d’Sängerin op hirem Instagram-Account zwar e Comeback annoncéiert, dovun huet ee bis elo awer nach net vill matkritt.

An um Dag vun haut viru 5 Joer hate Years & Years et mat hirem Debut-Album “Communion” op d’Eent an de UK-Charts gepackt. Mat drop sinn ënnert anerem d’Songs “Desire”, “Shine”, oder “King”. “Communion” war 2015 iwweregens dee meescht-verkaaften Debut-Album vun enger brittescher Band op der Insel. Years & Years hu sech 2010 zu London gegrënnt. De Mikey Goldsworthy war kuerz virdrun aus Australien dohi geplënnert a war do dem Emre Türkmen begéint. De Lead-Sänger Olly Alexander ass bei d’Band gestouss, well de Goldsworthy hien an der Dusch sangen héieren huet a fonnt huet, datt dat richteg gutt géif kléngen.