Haut op engem 25. Juli...

Lauschtert eran!

Nom onerwaarten Dout vun hirem Sänger Bon Scott am Februar 1980, hunn d’Museker vun AC/DC him hire 6. Album “Back In Black” gewidmet. De Longplayer, deen haut viru genee 40 Joer erauskomm war, hat e komplett schwaarze Cover an et stoung just AC/DC drop. Et war gläichzäiteg deen éischten Album mam Brian Johnson, deen de Bon Scott un de Vocals ersat hat. Nieft „Back in Black“ sinn och „Hells Bells“ a „You Shook Me All Night Long“ drop. Am Kader vum 40. Anniversaire vu „Back In Black” verëffentlechen AC/DC op YouTube am Laf vun där nächster Zäit eng Mini-Doku mam Titel „The Story Of Back In Black“. Déi éischt zwee Deeler sinn och schon dobaussen. D’Biller berouen op Archiv-Material.

Haut viru 37 Joer war et deen éischte UK-Nummer-1-Hit fir Jamiroquai: „Deeper Underground“. Den Titel war als Bonus-Track op der Band hirem 4. Album „Synkronized“ drop an och op der Special Edition vun hirem 5. Longplayer “A Funk Odyssey”. Donieft wor “Deeper Underground” ee vun de Soundtracks vum Film “Godzilla” aus dem Joer 1998.

9 Wochen Plaz 1 an Däitschland haut viru 26 Joer fir All-4-One mam Titel „I Swear“. All-4-One waren eng amerikanesch R&B-Formatioun déi sech ufanks den 90er zu Los Angeles gegrënnt hunn. Mat „I Swear“ hate si bei de Grammy Awards 1995 2 Präisser ofgeraumt.