Haut op engem 26. Juli...

Lauschtert eran!

34 Joer ginn et haut, datt dem Peter Gabriel säi „Sledgehammer“ op d‘Eent vun de UK-Single-Charts geklommen ass. Fir de Gabriel, deen Genesis am Joer 75 verlooss hat, war et dee 4. Nummer-1-Erfolleg a Groussbritannien. Bei den MTV Awards am Joer 1987 huet „Sledgehammer“ 7 Präisser gewonnen. Bis haut ass et de meeschtgespillte Song op MTV.

Um 26. Juli 2004 stoung de Cyril Kamar alias K-Maro fir eng Woch un der Spëtzt vun de franséische Singles-Charts. Dat mat sengem gréissten Hit “Femme Like U”. Well si am Libanon politesch verfollegt goufen, ass dem Kamar seng Famill kuerz no deem senger Gebuert op Paräis geplënnert. Mat 15 ass de K-Maro dann op Montréal gaangen an huet do seng éischt Band mam Numm LMDS, Les Messagers Du Son, gegrënnt. No 4 Joer gemeinsamer Aarbecht huet de Kamar ugefaangen sech och eng Solo-Karriär opzebauen. Den Hit “Femme Like U” sollt him de groussen Duerchbroch an Europa bréngen.

En nawell ganz coole Concert hunn The Killers haut virun 2 Joer hei zu Lëtzebuerg an der Rockhal gespillt. Den Optrëtt hätt u sech scho sollten am Mäerz vun deem Joer sinn, mee den Dag selwer huet en aus gesondheetleche Grënn missen ofgesot a verréckelt ginn. Beim zweete Versuch am Juli 2018 hunn d'Museker ëm de Brandon Flowers alles gespillt wat ee sech wënsche konnt. Mat “Human” a “Mr. Brightside” ass den Owend op en Enn gaangen.