Haut op engem 27. Juli...

Lauschtert eran!

Um 27. Juli 1985 stoung de brittesche Pop-Duo Eurythmics mat “There Must Be An angel (Playing With My Heart)” un der Spëtzt vun de UK-Singles-Charts. Et war der Band hiren eenzegen Nummer-1-Hit a Groussbritannien. Den David Stewart an d’Annie Lennox haten iwweregens e prominente Gaascht um Song, de Stevie Wonder hat nämlech en Harmonika-Solo bäigesteiert.

Genee 10 Joer sinn et hier, datt den Everlast fir e Concert hei zu Lëtzebuerg am Atelier war. Den amerikaneschen Hip-Hop- a Crossover-Museker war Member vun der Band House of Pain, dat sinn déi vun “Jump Around” an och vun der Supergroup “La Coka Nostra”.Den Everlast gëllt als ee vun deenen éischten unerkannte wäisse Rapper.

3 Woche Plaz 1 an eisem Eldoradio Chartbreaker haut viru 24 Joer fir The Fugees an hir Single “Killing Me Softly”. D’Fugees-Versioun “Killing Me Softly” ass u sech eng Cover-Versioun. Am Original gouf d’Lidd 1972 vum Normal Gimbel an dem Charles Fox geschriwwen a sollt am Joer duerno mam Roberta Flack e groussen Hit ginn. Och déi amerikanesch Hip-Hop-Formatioun d’Fugees sollte mat “Killing Me Softly” grouss Erfolleger feieren an eng ganz Rëtsch Präisser gewannen. Déi dräi Museker Lauryn Hill, Wyclef Jean a Pras Michel sollten all no hirer gemeinsamer Zäit erfollegräich Solo-Karriären erliewen.