Haut op engem 28. Juli...

Lauschtert eran!

Haut feiert den amerikanesche Rapper a Multi-Instrumentalist Joseph Edgar Foreman, besser bekannt ënnert sengem Kënschtler-Numm Afroman, säi 46. Gebuertsdag. Ufanks vun den 2000er hat hie mat sengem “Because I Got High” e weltwäiten Hit gelant. Et sollt awer leider dem Afroman säin eenzegen Erfolleg bleiwen, hie gëllt haut als One-Hit-Wonder. “Because I Got High” zielt bis haut als ee vun de Virreider vu Lidder déi fir d’Legaliséierung vum Cannabis-Konsum kämpfen.

3 Joer sinn et hier, datt Arcade Fire hire 5. Studio-Album “Everything Now” erausbruecht hunn. Arcade Fire ass eng kanadesch Rock-Band, déi sech 2002 zu Montreal gegrënnt hunn. Am Mëttelpunkt steet d’Koppel Win Butler a Réging Chassagne. Direkt mat hirem Debut-Album “Funeral”, deen am September 2004 erauskomm war, konnten Arcade Fire deen éischten Erfolleg feieren. De Longplayer hat e Präis an Däitschland gewonnen a war esouguer fir e Grammy nominéiert. An de Joren duerno konnte si virun allem duerch hiren 3. Studio-Album “The Suburbs” iwwerzeegen. An domat sollt et och bei de Grammy Awards klappen, “The Suburbs” gouf 2011 zum Album vum Joer gekréint. Am selwechte Joer konnten d’Museker och zwee BRIT Awards mat heem huelen.

An haut virun 2 Joer op der Eent an den US-Album-Charts: Den Drake mat sengem Rekord-Album “Scorpion”. Mat drop waren och direkt 3 Nummer-1-Hits: “God’s Plan”, “Nice For What” an “In My Feelings”.