Haut op engem 29. Juli...

Lauschtert eran!

Um 29. Juli 2006 stounge Razorlight mat hirem self-titeled 2. Studio-Album un der Spëtzt vun de UK-Charts. Mat drop ass nieft Lidder ewéi “In The Morning” oder “Hold On” och den Nummer-1-Hit “America”. Eng éischte Kéier Opmierksamkeet krute Razorlight am Joer 2003 ewéi de bekannte Radio-Animateur John Kennedy e puer vun hiren Demos a säi Programm mat agebonnen hat. Am Summer vun deem Joer huet d’Band dunn e Major-Deal bei Mercury Records ënnerschriwwen an ugefaangen hiren Debut-Album “Up All Night” ze produzéieren. Hir éischt gréisser Live-Erfarungen hu Razorlight an Däitschland als Virgrupp vu Mando Diao an de Rolling Stones gesammelt. Ewéi si bis mat “America” hiren Duerchbroch gepackt haten, hunn d’Museker dunn op eemol selwer als Headliner gespillt. Zu hire groussen Erfolleger zielt och de Song “Wire to Wire”.

13 Joer sinn et dann haut hier, datt den Timbaland an d’Keri Hilson mat “The Way I Are” op der Plaz 1 an de UK-Singles-Charts stoungen. Dat am Ganze fir 2 Wochen. “The Way I Are” wor déi zweet Single-Auskopplung vum Timbaland sengem zweeten Album “Shock Value”.

An haut viru genee engem Joer ass dem Lil Nas X an dem Billy Ray Cyrus hire Mega-Hit “Old Town Road” zu där longest-running Nummer 1 an der amerikanescher Chart-Geschicht ginn. De Song, deen de Lil Nas X mat engem bëllegen 30-Dollar-Recorder opgeholl huet, stoung fir 17 Wochen hannerteneen op der Eent. Domat hat “Old Town Road” dem Luis Fonsi säin “Despacito” an dem Mariah Carey säin “One Sweet Day” iwwerholl, déi allen zwee “nëmme” 16 Wochen un der Spëtzt waren.