Haut op engem 30. Juli...

Lauschtert eran!

Haut viru 15 Joer stounge U2 mat “City of Blinding Lights” fir 2 Wochen op der Plaz 1 an eisem Eldoradio Chartbreaker. Den Titel ass op der Band hirem 11. Studio-Album “How to Dismantle an Atomic Bomb” aus dem Joer 2004 drop. “City of Blinding Lights” ass eent vun deenen erfollegräichste Lidder vu U2, dat 2006 bei de Grammy Awards de Präis fir “Beschte Rock-Song” gewanne sollt. An et war och eent vum Barack Obama senge Liblings-Lidder, hien hat et esouguer als Titel-Musek fir d’Events vu senger Walcampagne 2008 geholl.

A 14 Joer sinn et hier, datt d’Shakira an de Wyclef Jean mat “Hips Don’t Lie” fir 4 Wochen hannerteneen un der Spëtzt vun de UK-Singles-Charts stoungen. “Hips Don’t Lie” war e Remake vum Wyclef Jean sengem Lidd “Dance Like This” aus dem Joer 2004, dat et an iwwer 50 Länner op d’eent gepackt hat. “Hips Don’t Lie” ass bis haut déi meescht-verkaafte Single vun enger weiblecher Kënschtlerin aus dem 21. Joerhonnert.

Um 30. Juli 2011 hat e Summer-Hit et fir 6 Wochen hannerteneen op d’Plaz 1 an eisem Eldoradio Chartbreaker gepackt. Den DJ Antoine mat “Welcome To St. Tropez”. Zesumme mat Lidder ewéi “Ma Chérie” a “Paris” war “Welcome To St. Tropez” um DJ Antoine sengem Album “Welcome To DJ Antoine” drop.