Haut op engem 31. Juli...

Lauschtert eran!

Deen éischten Nummer-1-Hit an den USA konnt haut virun 21 Joer d’Christina Aguilera feieren, dat mat der Single “Genie In A Bottle”, déi op sengem self-titeled Debut-Album drop war. D’Lidd konnt sech 5 Wochen un der Spëtzt halen an hat et parallel och a Groussbritannien op d’Eent gepackt. Den Text vun “Genie In A Bottle” gouf deemools immens kritiséiert, vill Radiosender hate Bedenken de Song ze spillen. D’Lidd wier provokant a géif d’Recht vun der Fra op sexuell Befriddegung propagéieren, huet et zu där Zäit geheescht. D’Christina Aguilera hat sech verteidegt a sech driwwer beklot, datt Boy-Bands ewéi zum Beispill NSYNC fir hir fräizügeg Büne-Shows a sexuell Uspillungen net an deem Mooss kritiséiert gi wieren, ewéi déi weiblech Pop-Stars.

Haut feiert dann de brittesche Kënschtler Fatboy Slim säi 57. Gebuertsdag. Weider Pseudonymmen ënnert deenen de Quentin Leo Cook, ewéi hie mat biergerlechem Numm heescht, Musek verëffentlecht sinn Norman Cook, Pizzaman oder Son of a Cheeky Boy. Zum Fatboy senge gréissten Erfolleger ziele “Right Here Right Now”, “The Rockafeller Skank” an natierlech “Praise You”. Zesumme mat anere groussen Nimm aus Groussbritannie setzt de Fatboy Slim sech ënnert dem #LetUsDance dofir an, datt d’Discoen a Groussbritannien erëm opginn.

16 Joer sinn et dann hier, datt O-Zone mat hirem gréissten Hit “Dragostea Din Tei” fir 3 Wochen un der Spëtzt vun eisem Eldoradio Chartbreaker stoungen. “Dragostea Din Tei” war ufanks just an der Heemecht Rumänien en Hit. Am Februar 2004 goufen dunn awer italienesch Produzenten op de Song opmierksam an hunn en onerlaabt gecovert. Als Strof hu si missten 10.000 Euro bezuelen. Nieft de Suen hat et fir O-Zone 2 weider gutt Aspekter. Doduerch krute si nämlech e Placke-Kontrakt a konnten hiert Lidd hei an Europa als Hit placéieren.