Haut op engem 1. August...

Lauschtert eran!

Um 1. August 1987 stounge Los Lobos mat “La Bamba” un der Spëtzt vun de UK-Singles-Charts. Am Original ass de Song e mexikanescht Vollekslidd, dat 1958 eng éischte Kéier duerch de Ritchie Valens Pop-compatibel gemaach gi war. Duerno haten sech eng ganz Partie Kënschtler a Bands um Lidd versicht, eben och déi amerikanesch Band Los Lobos. Aktuell existéiere weltwäit iwwer 150 Versiounen. Nieft Groussbritannien hat d’Formatioun vu Los Angeles et och nach a 27 weider Länner ganz uewen an d’Charts gepackt.

“Horny ’98” vum Mousse T., dem däitschen DJ mat tierkesche Wuerzelen ass haut virun 22 Joer fir 2 Wochen zur Nummer 1 hei zu Lëtzebuerg ginn. De Museker sollt nieft deem Hit och nach wéinst senger Zesummenaarbecht mam Tom Jones op der Single „Sex Bomb“ bekannt ginn.

An 32 Joer sinn et haut hier, datt MTV Europe lancéiert gi war. Ewéi den Numm et seet war et déi europäesch Versioun vum amerikanesche Fernseesender MTV. Deen éischte Musek-Video deen diffuséiert ginn ass, war „Money for Nothing“ vun den Dire Straits. De Choix war net zoufälleg op dee Song gefall. Am Lidd schwätzen zwee Aarbechter nämlech iwwert d’Musek-Videoen déi op MTV lafen an d’Zeil „I Want My MTV“ fält och.