Haut op engem 2. August...

Lauschtert eran!

Haut viru 34 Joer hat de Chris de Burgh et mat sengem gréissten Erfolleg “Lady In Red” un d’Spëtzt vun de UK-Singles-Charts gepackt. No 24 Single-Releases war et säin alleréischten Nummer-1-Hit iwwerhaapt. “Lady in Red” war um Burgh sengem 8. Studio-Album “Into the Light” drop. D’Lidd ass eng Referenz op dem Chris seng Fra Diane. A “Lady in Red” beschreift hien d’Erënnerung, ewéi hien hatt fir déi éischte Kéier gesinn huet. An engem Interview sot hien eng Kéier, datt hien net verstoe kéint, firwat vill Männer sech net drun erënnere kéinten wat hir Fraen unhaten ewéi si sech fir déi éischte Kéier gesinn haten.

En onschéinen Dout gouf et um 2. August 2000 fir de Gittarist vun der KC and the Sunshine Band. Den Jerome Smith ass vun engem Bulldozer zerquetscht ginn, mat deem hien um Bau amgaange war ze schaffen. De Museker sollt just 47 Joer al ginn. Mat der KC and the Sunshine Band hat hien ënnert anerem mam Song „That’s The Way (I Like It)” e groussen Hit gelant.

A 6 Joer sinn et hier, datt déi kanadesch Band Magic! mat hirem Song „Rude“ op der Plaz 1 vun den amerikaneschen Charts stoungen. D’Lidd baséiert op der krankhafter Bezéiung vum Magic!-Front-Mann Nasri Atweh an deem senger Frëndin. Den Atweh war viru senger Band-Zäit och als Produzent fir Gréissten ewéi Justin Bieber, Pitbull oder No Angels bekannt. Zesumme mam Songwriter Mark Pellizzer hat hien de  Song „Rude“ ufanks u sech och als Produzent geschriwwen. Duerno hunn déi zwee awer decidéiert, datt si d’Lidd selwer aspille wéilten an hu sech kuerzerhand eng Band dofir zesummegestallt. Dobäi erauskomm ass Magic!.