© BERTRAND GUAY / AFP
Haut op engem 4. August...
Eng Rëtsch Chartbreaker Number 1 Hits hate mir an de leschte Joren op engem 4. August. Ugefaange mat „Crying at the Discotheque“ vun Alcazar. 2001 stoungen si fir dräi Wochen op der 1 vum Chartbreaker. Fir eng éischte Kéier um 4. August.
„Vayamos Companeros“ vu Marquess sollt 2007 d‘1 vum Chartbreaker anhuelen an dräi Woche ganz uewe bleiwen. Et war de bis ewell eenzegen Hit vun den däitsche Museker, déi a spuenescher Sproch sangen.
An 2012 sollte Linkin Park mat „Burn it Down“ fir aacht Deeg op der 1 vum Chartbreaker stoen.
36 Joer ginn et haut schonn dat dem Prince säin Album “Purple Rain” fir eng éischte Kéier op d‘1 vun de US Album Charts geklommen ass. De sechste Studio Album vum Museker ass iwwer 25 Millioune mol verkaf ginn an ass ganzer 24 Wochen op der Plaz 1 vun de US Album Charts bliwwen. De Longplayer zielt zu den erfollegräichste vun allen Zäiten.
An d'Mariah Carey sollt haut virun 30 Joer säin Debut op der 1 vun de US Charts feieren. Seng éischte Single „Vision of Love“ ass fir véier Wochen op d‘1 vun den Charts geklommen a sollt fir dräi Grammy Awards nominéiert ginn, dovun awer kee gewannen.