© LEON NEAL / AFP
Haut op engem 5. August...
Haut virun 48 Joer hunn Aerosmith hiren éischte Plackekontrakt vu CBS Records kritt. 125.000 Dollar war de Kontrakt deemools wäert. De Chef vu CBS Records hat d’Museker ëm de Steven Tyler an engem Club zu Kansas gesi spillen an hiert Talent direkt entdeckt. Bis haut hunn si iwwer 150 Milliounen Alben a Single weltwäit verkaf. Si hunn 18 Platin gekréinten Alben, 4 Grammy Awards an 10 MTV Video Music Awards gewonnen. Zanter 2001 sinn d’Museker an der Rock and Roll Hall of Fame.
D’Rolling Stones si 6 Joer méi spéit, also 1978 um 5. August op d‘1 vun de US Single Charts geklommen, mat hirem „Miss You“. Et war hiren 8. Nummer 1 Hit. Beim Song handelt et sech em en Disco Song deen e Mount virun hirem Album “Some Girls” erauskomme sollt.
An Take That sinn um 5. August 1995 eng éischte Kéier ouni de Robbie Williams opgetrueden. Den hat d’Band de 17. Juli 1995 verlooss a vill Fans an Trauer versat. De Rescht vun der Band ëm de Gary Barlow sollt den éischte vun 10. Sold Out Concerten zu Manchester spillen.