Haut op engem 6. August...

Éischten Top 10 Hit fir Abba an den USA, dat war haut viru 46 Joer hire Song „Waterloo“, dee nom Eurovision Song Contest grouss duerchstarte sollt. Virun zwee Joer hunn di Schwedesch Museker iwwerdeems e Comeback ugekënnegt. Mir waarde bis haut drop.

57 Woche war den éischten Album vu Guns N’RosesAppetite For Destruction” an de US Album Charts éier en haut viru genee 32 Joer op d’Plaz 1 vun den US Album Charts geklommen ass. Iwwer 5 Millioune mol ass den Album an dëser Zäit verkaf ginn. D’Singlen “Sweet Child O’ Mine”, “Welcome To The Jungle” a “Paradise City” hunn et all an d’Top 10 vun de Single Charts gepackt. Weltwäit sinn iwwer 30 Milliounen Exemplaire verkaf ginn a 17 mol gouf et Platin fir d’Museker ëm den Axl Rose. Den Album ziel zu den erfollegräichste Rock Alben vun allen Zäiten.

D’Whitney Houston sollt mat enger Ënnerschrëft déi bescht verdéngte Musekerin vun allen Zäite ginn. Déi mëttlerweil verstuerwe Sängerin sollt en 100 Milliounen Dollar Kontrakt mat Arista Records ënnerschreiwen an 3. Weider Alben ënnert dem Label erausbréngen. De leschten dovun, den Album „I Look to You“ sollt en Erfolleg ginn, sech e puer Millioune mol verkafen an d’Chartspëtzt an den USA anhuelen.

An zu Lëtzebuerg sinn haut viru 4. Joer Major Lazer mam Justin Bieber an dem Song „Cold Water“ vun der 0 op d‘1 an den Eldo Chartbreaker erageklommen. Si sollte fir 1. Samschden un der Spëtz bleiwen.