Haut op engem 7. August...

De 7. August 2014 war et den Ed Sheeran, dee mat sengem zweeten Studio Album X an den UK Album Charts un d’Spëtzt geklommen ass. Den Album sollt 10 mol Platinn kréien an ass eleng an England  iwwer 3 Millioune mol verkaf ginn. Et ass ee vun de bescht verkaaften Album aus England. Mat drop ënnert anerem "Thinking Out Loud".

Haut viru genee 10 Joer war et den Eminem zesumme mam Rihanna, déi mat hirem ''Love The Way You Lie'' et op d'Plaz 1 vun den US Single Charts gepackt hunn. Am Song hunn si quasi eng Reflektioun vun hire vergaangene Bezéiunge gemaach.

De 7. August 2005 war et den James Blunt deen an den UK Single Charts et mat ''You're Beautiful'' op d'Plaz gepackt hat.

Dass verschidde Saache vu Stare fir vill Geld verkaf ginn, ass Näischt Neies. Ma haut virun 12 Joer war et en Jumpsuit vum Elvis Presley dee bei enger Stee fir  300'000 Dollar iwwert den Dësch gaangen ass.