Haut op engem 9. August...

De 9. August 1980 waren et AC/DC déi mat hirem Album ''Back in Black'' op d' 1 vun den UK Album Charts geklomme sinn. Back in Black' war och eng Single um Album, a mat ee vun den erfollegräichste Songs vun der Band. Et war den éischten Album deen se ouni de Sänger Bon Scott opgeholl hunn, deen de 19. Februar 1980 am Alter vun 33 verstuerwen ass.

D'Whitney Houston géing haut um 9. August 57 Joer kréien. D'Musekerin déi den 11. Februar 2012 verstuerwen ass, hat a senger Karriär vill verschidden Hits. Sou zum Beispill “I Will Always Love You“ am Joer 1992. 2009 hunn d'Guinnes World Records d'Whitney als déi meescht ausgezeechent Musekerin vun allen Zäiten ernannt.

Wärend engem Oasis Concert de 9. August 1994 zu Newcastle an England ass de Gittarist Noel Gallagher vun engem Mann, deen op d'Bün gesprongen ass, attackéiert ginn. De Sänger huet refuséiert de Concert fäerdeg ze spillen. Doropshin hunn iwwer 300 Persounen nom Concert den Tourbus vun der Band attackéiert.