Haut op engem 8. August...

Genau haut virun 33 Joer war et U2, déi mat hirem Song ''I Still Haven’t Found What I’m Looking For” aus hirem Album ''The Joshua Tree'', op d'1 vun den US Single Charts geklommen ass D'Lidd gouf 1988 fir zwee Grammy Awards nominéiert, dat an der Kategorie Record of the Year a  Song of the Year.

Den 8. August 1992 waren et Snap, déi 6 Woche laang mam Song ''Rhythm is a Dancer'' op der 1 vun den UK Single Charts bleiwe sollten. Et war hiren zweeten a leschten Nummer 1 Hit deen et an den US Charts an Top 5 gepackt huet.

Bei engem Concert vu Kiss den 8. August 1996 am Riverfront Coliseum zu Cincinnati an den USA huet et Fan wärend dem Optrëtt seng Been-Protheese op d'Bün geschoss. All eenzele Band Member huet drop ënnerschriwwen.

Am Joer 1969 waren et d'Beatles déi hir legendär Foto an der Abbey Road um Zebrasträife gemaach hunn. De Fotograf Iain McMillan stoung op enger klenger Träppchen an der Mëtt vun der Strooss am Gaang den John, Ringo, Paul an George ze fotograféieren, wärend Polizisten de Stroosseverkéier gereegelt hunn.