Haut op engem 10. August...

Verschidden Nummer 1 Hits haut um 10. August. 2005 war et den James Blunt dee mat der Single ''You're Beautiful'' op d'Plaz 1 vun den UK Single Charts geklommen ass.

Zäitgläich war och d'Mariah Carey mam Song ''We Belong Together'' op der 1 an den USA.

An Australien war et eng liicht méi speziell Single. Den Axel F. mat ''Crazy Frog“.

Virun 12 Joer ass dann d’Katy Perry mat “I Kissed A Girl” weltwäit duerch de Plaffong gaangen. An iwwer 20 Länner stoung de Song trotz Skandal un der Spëtzt.

A haut viru genee 6 Joer ass déi éischt Persoun am Weltall bestuet ginn.

De russesche Kosmonaut Yuri Malenchenko war op der ISS, der International Space Station, wéi en d'Ekaterina Dimitrieva bestuet huet, dat zu dësem Zäitpunkt an Texas war. Iwwert e Stream vun der NASA konnten déi zwee sech live gesinn.