Haut op engem 11. August...

Den 11. August stoung de Bruce Springsteen mam Album ''The Rising'' fir zwou Wochen op der 1 vun den US Album Charts.

Genau haut viru siwe Joer sollt d'Miley Cyrus mat der Single ''We Can't Stop'' op d'1. vun de britteschen Charts klammen.

Den amerikanesche Rapper Chris Kelly ass op engem 11. August 1978 gebuer. Zesumme mam Chris Smith hat hien ënnert dem Kënschtlernumm KRIS KROSS den Hit „Jump“, deen 1992 op der 1 vun den Charts an den USA an an England war. De Chriss Kelly ass den 1. Mai 2013 dout a senger Wunneng fonnt ginn. D'Ursaach war Drogemëssbrauch.

Haut ass den Doudesdag vum Schauspiller a Komiker Robin Williams. Den Oscar a fënnef-fache Golden-Globe-Gewënner huet ënnert anerem a Familljefilmer wéi Flubber oder Mrs. Doubtfire matgespillt.