Haut op engem 18. August...

Lauschtert eran!

“Good Times“ vu Chic stoung um 18. August am Joer 1979 op der Plaz 1 vun den US-Singles-Charts. Et war no “Le Freak” am Joer virdrun deen 2. Number-One-Hit fir d’Museker ëm de Nile Rodgers, deen haut als Produzent ganz aktiv ass. „Good Times“ gëtt vum Rolling Stone Magazine ënnert de 500 beschte Songs vun allen Zäiten gelëscht. E Song deen och scho ganz dacks gesampled gouf.

E gewëssent Alicia Keys hat et haut virun 19 Joer un d’Spëtzt vun den amerikanesche Singles-Charts gepackt. Dat mat deem Titel, deen him zum groussen Duerchbroch verhëllefe sollt: „Fallin‘“. Mam Album „Songs In A Minor” op deem d’Lidd drop war, konnt d’Sängerin dann och direkt 5 vu sengen am Ganze 15 Grammy Awards gewannen. Enn dës Jores bréngt d’Keys säin neien a 7. Longplayer mam einfachen Numm „Alicia“ op de Marché. An den 11. Juli d’nächst Joer kënnt hatt dann fir dee laang-erwaarte Concert bei eis op Lëtzebuerg an d’Rockhal.

An dem brittesche Museker Ed Sheeran säin 2. Album „X“ sollt sech vum 18. August 2014 un 8. Wochen hannerteneen op der Eent vun de UK-Album-Charts halen. Zanter dem James Blunt am Joer 2005 stoung kee Solo-Kënschtler esou laang ganz uewen an den Album-Charts a Groussbritannien. Iwwer 430 Millioune Mol sollt „Multiply“ eleng am Joer 2014 gestreamed ginn. E Brit Award gouf et fir den Album vum Joer an als Top-Hits sollte sech d’Lidder „Sing“, „Don’t“ a virun allem „Thinking Out Loud“ erausstellen.