Haut op engem 19. August...

Lauschtert eran!

35 Joer ginn et haut, datt d’Tina Turner mat “We Don’t Need Another Hero” fir 4 Wochen hannerteneen un der Spëtzt vun den däitsche Singles-Charts stoung. Et war de Soundtrack vum drëtten Deel vun der Mad-Max-Film-Rei mam Titel “Beyond Thunderdome”. “We Don’t Need Another Hero” gouf vum bekannte Singer-Songwriter Terry Britten produzéiert, deen och scho “What’s Love Got to Do with It” fir d’Turner geschriwwen hat. E Lidd, dat aktuell an enger ganz neier Versioun mam Kygo bei eis am Programm ze héieren ass.

Haut virun 12 Joer ass dann dem Lady Gaga säin Debut-Album “The Fame” an den USA erauskomm. Mat drop sinn ënnert anerem d’Songs “Paparazzi”, “Poker Face” an “Just Dance”. Mat “The Fame” sollt dem Stefani Germanotta de groussen internationalen Duerchbroch geléngen. An der tëscht ass d’Lady Gaga net nëmmen eng vun deene gréisste Kënschtlerinnen aus eiser Zäit, mee hatt huet sech mat der Haaptroll an “A Star Is Born” och en Numm als Schauspillerin gemaach. D’Sängerin, dat am Ganze schonn 11 Grammys an 2 Golden Globes an 1 Oscar gewonnen huet, huet da viru kuerzem och säin neien Album “Chromatica” erausbruecht, dee generell zimmlech gutt ukomm ass.

An den 19. August 2016 huet den däitsche Museker Roosevelt säin Debut-Album mam einfachen Titel “Roosevelt” erausbruecht. Virun allem dierft een de Sänger haut awer duerch seng aktuell Single “Sign” a säi bis elo erfollegräichsten Track “Under The Sun” kennen. Beim Marius Laber, ewéi hie mat biergerlechem Numm heescht, war et och scho viru sengem Solo-Projet gutt gelaf. Mat senger Band “Beat!Beat!Beat!” war hie ganz erfollegräich, no hirem éischte Longplayer war dunn allerdéngs schonn erëm Schluss. De Moment schafft de Roosevelt u sengem neien an drëtten Album.