Haut op engem 20. August...

Lauschtert eran!

72 Joer sinn et haut hier, datt de Robert Plant zu West Bromwich an England op d’Welt komm ass. Vun hirer Grënnung am Joer 1968 un, war hien de Lead-Sänger vun der brittescher Rock-Band Led Zeppelin. Ausserdeem huet hie Mondharmonika gespillt.

De ronne 50. Gebuertsdag ass et dann haut fir de Fred Durst, dem Front-Mann vu Limp Bizkit. Zesumme mat senger Band, déi hien 1994 zu Jacksonville a Florida gegrënnt hat, huet den Durst iwwer 50 Millioune Placke verkaaft. Zu hire bekanntste Lidder gehéiere “Faith”, “My Way” oder “Behind Blue Eyes”.

A kuerz nodeems bekannt gouf, datt d’Sängerin säi Partner Max Ehrich bestuede wäert, gëtt och d’Demi Lovato haut e Joer méi al. Hatt kritt der 28. No senger bal déidlecher Iwwerdosis am Summer 2018 schéngt d’Demi Lovato sech elo also erëm erholl ze hunn an et kann een op déi nächst musikalesch Projete gespaant sinn.

37 Joer ginn et haut, datt KC & The Sunshine Band mat hirem Titel “Give It Up” op der Plaz 1 an de UK-Singles-Charts stoungen. De Song gouf och schonn déi eng oder aner Kéier gecovert, besonnesch bekannt dierft d’Versioun vun där dänescher Band Cut ‘N’ Move aus dem Joer 1993 sinn. “Give It Up” ass och ënnert anerem an der Darts-Welt e groussen Hit, d’Fans besange mam Lidd zum Beispill de Vincent van der Voort oder deen aktuelle Weltmeeschter Peter Wright.

A genee 10 Joer sinn et hier, datt ee vun de Summer-Hits aus dem Joer 2010 un der Spëtzt vun den däitsche Singles-Charts stoung: Yolanda Be Cool & DCup mat “We No Speak Americano”. D’Lidd berout op engem Sample vum italienesche Klassiker “Tu vuò fà l’americano” vum Sänger Renato Carosone aus dem Joer 1956.