Haut op engem 21. August...

Lauschtert eran!

„What’s Up“ vun de 4 Non Blondes sollt um 21. August 1993 direkt fir 5 Wochen d’Positioun 1 vun eisem Eldoradio Chartbreaker hei zu Lëtzebuerg anhuelen. Fir d’Musekerinnen, déi sech am Joer duerno getrennt hunn, sollt et deen eenzegen gréisseren Hit bleiwen. D’Sängerin Linda Perry huet d’Band 94 verlooss an zanterhier fir vill grouss Staren Hits geschriwwen, ënnert anerem fir d’Pink, d’Christina Aguilera oder d’Gwen Stefani. Zanter 2015 steet d’Perry an der Songwriters Hall of Fame.

Mat äre Voting-Stëmme sinn Hurts haut virun 9 Joer op d’Plaz 1 vum Eldo-Chartbreaker-Klassement geklommen. Dat mat „Wonderful Life“, deem éischte groussen Hit vum britteschen Duo, deen um Debut-Album „Happiness“ drop ass. Ma esou richtege Succès sollt d’Lidd um Enn awer net ginn. Just hei zu Lëtzebuerg an a Polen ass de Song op d’Eent an den Charts geklommen. An Däitschland hat „Wonderful Life“ et op d’Plaz 2 gepackt an an hirer Heemecht Groussbritannie war fir Hurts nëmmen d’21 erausgesprongen.

A 4 Joer ginn et dann haut schonn, datt de Robin-Schulz-Hit „Sugar“ mat de Vocals vum Francesco Yates d‘Eent an Däitschland ageholl huet. 3 Woche sollt de Song, deen de Baby-Bash-Hit „Suga Suga“ aus dem Joer 2003 gecovert huet, un der Spëtz bleiwen.