Haut op engem 22. August...

Lauschtert eran!

32 Joer sinn et hier, datt Milli Vanilli mat “Girl You Know It’s True” fir 6 Wochen hannerteneen op der Plaz 1 an den däitsche Singles-Charts stoungen. D’Karriär vum däitschen Duo huet 1990 an engem grousse Skandal geendegt, well bekannt gouf, datt de Fab Morvan an de Rob Pilatus keent vun hire Lidder selwer gesongen haten, mee just per Playback ofgespillt haten.

E weidere Kult-Hit stoung op engem 22. August ganz uewen an den Charts: Eiffel 65 mat “Blue”, dat am Joer 1999. E Lidd dat an iwwer 15 Länner weltwäit déi éischt Plaz erreeche konnt.

Um 22. August 1992 war et dann d’Formatioun ëm de Phil Collins déi mat hirem 14. Studio-Album “We Can’t Dance” d’Spëtzt vun de UK-Album-Charts ageholl haten. Mat drop waren ënnert anerem d’Lidder “No Son Of Mine”, “Jesus He Knows Me” oder “I Can’t Dance”. “We Can’t Dance” war dee leschten Genesis-Album dee mam Phil Collins als Sänger opgeholl gi war.

An haut feiert d’Dua Lipa säi 25. Gebuertsdag. Mat 15 Joer ass d’Sängerin eleng op London gaangen, huet a Clubs an als Model geschafft an huet do de Marlon Roudette kennegeléiert. Deen huet hatt dunn encouragéiert fir Demos opzehuelen an déi bei SoundCloud eropzelueden. Doduerch ass de Manager vum Lana Del Rey op d’Dua Lipa opmierksam ginn an hatt krut direkt e Major-Deal bei Universal Records. Spéitstens zanter sengem self-titeled Debut-Album mat Lidder ewéi “IDGAF”, “New Rules”, “Be The One” oder “Hotter Than Hell” war kloer, datt d’Dua Lipa e groussen Numm géif ginn.