Haut op engem 23. August...

Lauschtert eran!

Kee Museker, mee ee vun deene gréisste Sportler vun allen Zäiten. De Kobe Bryant hätt haut säin 42. Gebuertsdag gefeiert. De Bryant huet seng ganz Profi-Karriär iwwer bei de Los Angeles Lakers gespillt a mat senger Ekipp am Ganze 5 Meeschtertitele gewonnen. De 26. Januar vun dësem Joer ass d’Black Mamba mat senger Duechter Gianna a 7 weidere Persoune bei engem Helikopteraccident ëm d’Liewe komm.

18 Joer sinn et dann haut hier, datt deen 2. Coldplay-Album “A Rush Of Blood To The Head” erauskomm ass. Mat drop sinn ënnert anerem d’Lidder “The Scientist”, “Clocks” oder “In My Place”. “A Rush Of Blood To The Head” war deen Album mat deem d’Formatioun ronderëm de Chris Martin de groussen Duerchbroch feiere konnt an hinnen och an Amerika en Numm ginn huet. Doriwwer eraus sollte Coldplay mat der LP och etlech Auszeechnunge gewannen, dorënner 3 Grammys.

An um 23. August 2013 war et den däitsche Kult-Entertainer Helge Schneider, dee mat sengem 11. Studio-Album “Sommer, Sonne, Kaktus” direkt vun der 0 op d’Eent an den däitschen Charts erageklomme war.