Haut op engem 24. August...

Lauschtert eran!

De britteschen Duo Everything But The Girl huet um Dag vun haut viru 24 Joer e Rekord an den US-Singles-Charts gebrach. Um 24. August 1996 stoung hire Song „Missing“ fir déi 55. Woch hannerteneen am Klassement vun de Billboard-Charts. Esou laang stoung virdrun nach ni e Song an den Charts. An der tëscht gouf de Rekord natierlech scho gebrach. Dee Song deen aktuell am längsten hannerteneen an de Billboard Hot 100 mat dobäi war, ass “Radioactive” vun den Imagine Dragons, deen am Ganze fir 87 Wochen deel vum Klassement wor.

An 18 Joer ginn et haut, datt Incubus mat “Are You In” fir 2 Wochen un der Spëtzt vun eisem Eldoradio-Chartbreaker stoungen. De Song war op der Band hirem 4. Album “Morning View” drop. Incubus sinn eng amerikanesch Rock-Band vu Calabasas a Kalifornien, déi 1991 vum Sänger Brandon Boy, Gittarist Mike Einziger, Bassist Dirk Lance Katunich a Batteur Jose Pasillas ll gegrënnt gouf. Hire Musek-Stil war ufanks éischter eng Mëschung aus Funk-Metal a Crossover, deen un de Sound vu Bands ewéi d’Red Hot Chili Peppers erënnert huet. Hautdesdaags kann een hir Musek éischter am Beräich vum Alternative Rock anuerdnen.

An um 24. August 2018 stoung d’Ariana Grande mat sengem 4. Studio-Album “Sweetener” op der Eent an de UK-Album-Charts. Mat drop si Lidder ewéi “God Is A Woman”, “R.E.M.” oder “no tears left to cry”. Fir den Album sollt d’Sängerin d’lescht Joer bei de Grammys de Präis an der Kategorie “Best Pop Vocal Album” gewannen.