Haut op engem 25. August...

Um 25. August 1979 haten The Knack et un d’Spëtz vun den US-Singles-Charts gepackt. A genee do sollten d’Museker fir 5. Woche bleiwen. Hire Song vun deemools: „My Sharona“. Et war deen eenzegen Hit an hirer Heemecht fir d’Museker vu Los Angeles. De Sänger vun der Band sot deemools, e wier vun engem Meedchen aus der Schoul inspiréiert ginn de Song ze schreiwen. Natierlech huet dat Meedchen och Sharona geheescht.

An déi amerikanesch Rock-Band Faith no More huet haut virun 23 Joer Statioun hei zu Lëtzebuerg gemaach a live am Atelier gespillt. Zu hire bekannteste Singlen gehéiert de Song „Easy“. D’Kalifornier, déi zanter 1981 aktiv sinn, hu sech am Joer duerno getrennt. Zanter 2009 sinn déi 5. Museker awer nees zesummen ënnerwee. 7. Alben ginn op de Konte vun de Rock-Museker.

A mir bleiwen hei zu Lëtzebuerg. Plaz 1 an eisem Eldoradio Chartbreaker fir d’Plain White T’s mat hirem “Hey There Delilah” um 25. August 2007. De Song war eigentlech eng Cover-Versioun, den Original hat den Tom Higgenson am Joer 2005 erausbruecht. “Hey There Delilah” ass bis haut deen erfollegräichste Song vun de Plain White T’s, deen 2008 och fir e Grammy nominéiert war.