Haut op engem 26. August...

Lauschtert eran!

1 Woch Platz 1 an de Singles-Charts vun eisen däitsche Noperen fir de Lucenzo an den Don Omar mat hirem “Danza Kuduro”. Dat ginn haut um 26. August 2020 schonn 9 Joer. De spuenesch-portugisesche Song war déi éischte Single vum Don Omar sengem Album „Meet The Oprhans“. E Joer duerno ass d’Lidd als Soundtrack fir de Film „Fast Five“ nei erauskomm a sollt och zu engem weltwäiten Nummer-1-Hit ginn.

14 Joer sinn et dann haut hier, datt d‘Christina Aguilera mat sengem 5. Studio-Album “Back To Basics” op der Plaz 1 vun den Album-Charts a Groussbritannie stoung. Mat drop sinn ënnert anerem d’Lidder „Ain’t No Other Man“, „Oh Mother”, “Slow Down Baby” oder “Candyman”. Op “Back To Basics” haten direkt e puer bekannt Nimm matgeschafft. Ënnert anerem de P.Didda, de Steve Winwood oder och de Mark Ronson.

An op engem 26. August am Joer 1995 war et de Soundtrack vum Film „Batman Forever“ deen un d’Spëtzt vun den amerikanesche Singles-Charts geklomme war: De Seal mat „Kiss From A Rose“. D‘Single krut am Joer duerno och de Präis fir d’Single of the year bei de Grammy Awards. De Seal hat de Song schonn am Joer 87 geschriwwen, ma en huet d’Lidd net gutt fonnt an et dowéinst kengem gewisen. Mat der Chance e Soundtrack fir de Film ze liwweren, huet de Seal de Song nees ausgegruewen. 8 Millioune mol ass d’Lidd verkaf ginn.