Haut op engem 27. August...

Lauschtert eran!

Haut virun 29 Joer hu Pearl Jam hiren Debut-Album mam Titel “Ten” erausbruecht. Um Longplayer mat drop ass och den Hit “Alive”. “Ten” huet 12 Mol Platin kritt a sech iwwer 12 Millioune Mol verkaaft. Et ass bis haut och deen erfollegräichsten Album vun der Band an zielt generell och zu de grousse Rock-Albe vun allen Zäiten. Pearl Jam gehéieren zesumme mat Nirvana zu deene Bands déi de Grunge-Genre ufanks den 90er-Jore populär gemaach hunn. Déi 5 Museker ronderëm den Eddie Vedder sinn awer déi eenzeg vun de grousse Seattle-Bands déi och nach nom Hype bestoe bliwwe sinn a kontinuéierlech nei Musek produzéiert hunn. Enn 2016 goufe Pearl Jam an d’Rock and Roll Hall of Fame opgeholl.

Wann een eppes kann! Um 27. August am Joer 1994 hate Boyz ll Men et mat hirem “I’ll Make Love To You” fir ganzer 14 Wochen hannerteneen un d’Spëtzt vun den US-Singles-Charts gepackt. No deene 14 Wochen hat déi amerikanesch R&B-Formatioun sech einfach emol selwer un der Plaz 1 vun den amerikaneschen Charts ofgeléist an zwar mat hirem “On Bended Knee”.

An 9 Joer sinn et hier, datt d’Katy Perry mat “Last Friday Night” op der Eent an Amerika stoung. Et war dee 5. Nummer-1-Hit aus der Sängerin hirem 3. Studio-Album „Teenage Dream“.