Haut op engem 28. August...

Lauschtert eran!

Plaz 1 an de UK-Singles-Charts haut virun 48 Joer fir den Alice Cooper a säi “School’s Out”. Inspiréiert fir de Song ze schreiwen gouf de legendären amerikanesche Rock-Museker  vun enger Fro, déi hien an engem Interview gestallt krut. Nämlech wéi eng fir hien déi schéinsten 2 Minutte vum Joer wieren. Seng Äntwert: De Moment ier een op Chrëschtdag d’Cadeauen opmaachen däerf an awer och déi lescht Minutten ier d’Summervakanz ugeet.

Den 28. August ass en Oasis-Dag. Am Joer 2005 ass um Dag vun haut hir Single „The Importance Of Being Idle“ an hirer  Heemecht Groussbritannien op d‘Eent vun de Singles-Charts geklommen. 4 Joer duerno, am Joer 2009, hunn d’Museker sech getrennt. Den Noel Gallagher huet d’Band verlooss, well hien net méi mat sengem Brudder Liam zesummeschaffe wollt. Oasis hätten op dem Dag eigentlech sollten um „Rock en Seine“ Festival zu Paräis optrieden. D’Virband hat de Public allerdéngs informéiert, datt Oasis op Grond vun hirer Trennung deen Owend net méi wäerten optrieden. Vill Leit aus dem Public haten dat ufanks net eescht geholl a sinn duerno batter enttäuscht ginn.

Gebuertsdag feiert dann haut och d’Brittin Florence Welch. D’Sängerin vun der Band Florence + the Machine huet 2009 mam Debut „Lungs“ en éischten Nummer-1-Album gelant. 2012 ass d’Single „Sweet Nothing“ mam Calvin Harris nokomm. Och dee Song sollt spéider en Nummer-1-Hit ginn. D’Florence Welch kritt haut 34 Joer.